An hei geet et bei d'Bicher...
Bridges / Brécken

Eng Sprooch formt d'Gedanken. Als begeeschterte Sproocheléierer kann ech dëse Saz voll a ganz ënnerschreiwen. Komescherweis sinn ech nämlech vill méi positiv drop, wann ech op Englesch iwwer Gott an d'Welt nodenken, wéi wann ech menge Gedanken op Lëtzebuergesch nohänken. Ech sinn der Meenung, dass mer net nëmmen d'Welt, mä och eis selwer mat aneren Aen gesinn, wa mer eis op eng nei Sprooch aloossen. Andeems een e literarescht Wierk iwwersetzt, baut een eng Bréck zu enger anerer Kultur, riicht iwwert de Abgrond vun de Virurteeler an d'Kluft vun der Ignoranz. Et entstinn nei Gefiller, nei ongeahnt Méiglechkeeten, wéi een déi spannendst vun alle Reesen - eist Liewen - ugoe kéint. D'Rei Brécken stellt friem Schrëftsteller enger neier Lieserschaft vir, dobäi bleift hien ganz deen alen - just eben op eng ganz nei Art a Weis.
Eppes Besseres / Something Better

Henry Lawson: Eppes Besseres / Something Better. Zweesproocheg Ausgab. Lëtzebuergesch Iwwersetzung a Kommentar vum Sandra Schmit. Stroossen: Éditions Sarya, 2022. ISBN 978-99987-898-0-7. 125 Säiten.
Dësen zweesproochege Gedichtband enthält véierzéng Gedichter vun deem bekanntesten australeschen Busch-Dichter, Henry Lawson (1867-1922). Lidder iwwert dat einsamt Liewen am stëbsegen Outback, Hymnen op d'Frëndschaft, d'Loyalitéit an d'Fräiheet, an ëmmer nach en Toast op dëst genial verréckt Liewen, an dass mer dat Bescht draus maachen. Och honnert Joer no sengem Doud bleift den Henry Lawson definitiv en Auteur, dee senge Lieser nach eppes ze soen huet.
Fir d'Gedichter op Lëtzebuergesch ze lauschteren, geheit emol e Bléck op déi hei Säit.
Deemnächst...
Roads / Weeër
All d'Weeër féieren iergendwou hin - iergendwann. Mä meeschtens ass et den onerwaarten Ëmwee, déi nerveg, zäitopwänneg Niewestrooss, déi eis op déi memorabelst Plazen, zu den denkwürdegste Momenter a bei déi interessantst Leit bréngt. Yay! fir d'Biergstrooss voller Schlaglächer an Nordrumänien, yay! fir de Chantier just e puer Kilometer vrun der albanescher Grenz an dräi mol yay!!! fir déi léif Hotelsmanager, deenen hir spontan Virschléi zwee abenteuerlëschteg Reesender bei e Buddhistentempel zu Kee-weess-wou a Schweden, a bis vrun déi riseg Mauere vun ni-dovun-héieren Midas Şehri gefouert hunn. Ech hoffen, dass d'Rei Weeër beim Lieser dat onbeschreiflech immenst Wow!-Gefill ausléist, dat ech esou oft hat, wann ech - iergendwou an der Welt, iergendwou an der Zäit - Joerhonnerte vun der Geschicht ageotemt hunn. Den éischte Band an dëser Rei geet vermuttlech iwwert meng Rees duerch d'Türkei. Ech halen iech um Courant.

