E bëssen eppes iwwer mech an dëse Projet
D'Éditions Sarya ass also en neie Verlag, ne?
Richteg. D'Éditions Sarya ass e klenge Verlag mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Gegrënnt ginn ass en Ufank 2022, an zwar vu mir. Ech sinn en Auteur, Iwwersetzer, Philosoph, e grousse Fan vu Physik (d'Wëssenschaft) an Heavy Metal (d'Musek), e Cover Designer, Hörbuch-Narrateur an nach eng gutt hallef Dose méi Saachen, déi ausser mir kee Mënsch interesséieren. Dofir, net méi dovun. Wann s de awer onbedéngt méi iwwert mech gewuer wëlls ginn (zum Beispill, well s de, grad wéi ech, een immens virwëtzege Mënsch bass, oder wëll s de, nach emol wéi ech, gär ofgelenkt gëss vun aneren interessante Saachen) dann zéck net, der meng Websäit unzekucken www.sandraschmit.com. Alternativ kanns de och eppes iwwert dat éischt Buch, dat d'Éditions Sarya erausbruecht huet, liesen.
Firwat da grad Sarya, heescht dat iwwerhaapt eppes?

Sarya - mat engem douce sss wéi Salz a Seef, an op de leschten a betount - ass dat russescht Wuert fir Sonnenopgank. A fir Sonnenënnergank. Ebe fir di zwee. Et beschreift d'Dämmerung, wann d'Sonn als douce an hoffnungsvoll Erënnerung hannert dem Horizont lackelt, den Himmel däischter mat engem Touch Rosa um Rand, a voller Stären ganz héich uewenop. En Ablack vun onendleche Méiglechkeeten, Dreem a Wënsch. E Moment, an deem eppes Neies net nëmme méiglech, mä wéi onausweichlech schéngt. A ganz egal wien an deem Moment de Match gewënnt - den Dag oder d'Nuecht - et weess een mat Sécherheet dass just e puer Stonne méi spéit, en Zäitalter vun engem eenzege Moment, dat Ganzt erëm vu vir ugeet. Wann dat der kee Mutt gëtt, da weess ech och net, wat s de brauchs.
Däi Geescht ass explosiv an uerg
Deng Laach eng Zündschnouer derduerch
Dann nach e Liewensfunken an den Aen
A ganz nei Welte sinn duerch dech entstan
Hues de och e Programm oder iergendeng Zort vu Philosophie? Sou wéi sech dat fir e richtegt Verlagshaus gehéiert...
Wéi ee sou schéi seet: "Wann s de eppes gutt gemaach wëlls hunn, da maach et selwer." Mol eng Kéier, wou "een" an ech der selwechter Meenung sinn. Wéi vill Kënschtler hunn ech eng ganz prezis Virstellung dovun, wéi d'Endprodukt vu mengem Dorëmmer-Gekënschtels ausgesi soll. D'Wierder, de Rhythmus vun all Saz, de Layout, d'Schrëften, d'Illustratiounen, den Titel an de Cover Design - all dat mécht mer onheemlech Spaass an ech kéint Stonnen domat verbréngen, bis an dat klengst Detail un allem ze tüftelen. A wann den Herausgeber elo decidéiert, déi eng oder aner oder iwwerhaapt alleguer meng Iddien iwwert de Koup ze geheien, just fir dass sech "d'Produkt" hoffentlech - mä mat zimmlecher Sécherheet awer guer net - e bëssche besser verkeeft? Dat kéint net an d'Tut. Also maachen ech et selwer, da muss ech alt wéinstens kengem anere soen "Wat e Schrott".
De betörende Gesank vum Herausgeber
Verkaf een dausend Bicher!
Just änner dëst an dat
A nach a sexy Bild mat
Vill Haut gëtt dropgeklaakt
Verkaf zwee dausend Bicher!
Méi einfach geet et nit
Veränner just deng Message
Dat wat dës Woch alt zitt
Verkaf dräi dausend Bicher!
Mäi Kand, 't ass domm gelaf
Dat Speziellt un dengem Buch hues
Als eenzegt du verkaf
Heescht dat, dass de just deng eege Bicher erausgëss?
Vläicht, vläicht och net. Mol kucken. Ech halen dech um Courant. :)

